Déi zwee Lëtzebuerger Kënschtler Fernand Roda a Bertrand Ney stellen nämlech zesummen aus an hir Stiler kéinten net méi ënnerschiddlech sinn.

Dat erkläert dann och schonn den Titel. Dem Fernand Roda seng faarweg Landschafte sinn hei an direkter Juxtapositioun mam Bertrand Ney senge schwaarz-wäiss Zeechnungen. U sech ass hie jo bekannt fir seng Skulpturen. An och fir dës Expo wollt hien u sech am plastesche Beräich bleiwen. Aus gesondheetleche Grënn wier dat awer leider net méiglech gewiescht. Well si d’Ausstellung awer net wollten ofsoen, bezéiungsweis verréckelen, huet hien dunn decidéiert eng Serie vun Zeechnungen auszestellen. Dës waren iwwert de Summer entstanen an droen de Titel „Shapes“. Och wann de Medium sech géif ënnerscheeden, sou hätten d’Zeechnungen awer vill en commun mat senge Skulpturen. „Dat si sou Formen déi bëssen eng Analogie hunn mat menger Aarbecht. Et sinn nämlech d’Grondrëss vu menge Skulpturen“, sou de Bertrand Ney.

Och fir de Fernand Roda ass dëst eng ganz speziell Ausstellung. Den elo 70 Joer ale Kënschtler war jo 1971 op Düsseldorf geplënnert fir ze studéieren. Zeréckkomm ass en zanterhier net méi. An der Tëschenzäit ass et elo och schonn 10 Joer hier dass hie fir d’Lescht an enger privater Galerie zu Lëtzebuerg ausgestallt huet.

„Weltenbegegnung“ ass den Ament an der Galerie39 zu Diddeleng ausgestallt. Dës gehéiert dem Remy Berchem, deen de ale Schapp vu sengen Elteren an eng Galerie ëmgewandelt huet an zanterhier reegelméisseg Ausstellunge mat nationalen an internationale Kënschtler weist. Grad well de Fernand Roda awer scho sou laang net méi hei a Lëtzebuerger Privatgalerien aktiv war, wier een ëmsou méi houfreg an zefridde mam Resultat.

D’Ausstellung „Weltenbegegnung“ kann een nach bis den 12.Dezember an d’Galerie39 zu Diddeleng kucke goen.