D'Konschthandwierk an de Mëttelpunkt setzen,dat war 2016 d'Iddi vun der Initiativ "De Mains de Maîtres", déi d'ierfgroussherzoglecher Koppel lancéiert hat.

Nom grousse Succès gouf dorausser eng Biennale. 2020 huet déi 3. Editioun wéinst Corona mussen ëm e Joer verluecht ginn. Fir dem intresséierte Publikum dann awer trotz Restriktiounen d'Geleeënheet ze ginn, gouf se op 10 Deeg verlängert. Den Owend ass de Vernissage am Alen Arbedsgebai an der Neier Avenue.

Ënnert dem Motto "Vivre la matière" weise 70 Handwierker a Createure vu Lëtzebuerg an aus eisen Nopeschlänner an den nächsten 10 Deeg op enger Dose Plazen an der Stad, wéi villfälteg d'Konschthandwierk ka sinn. No dem Succès vun den zwou éischten Editiounen, ass "De Mains de Maîtres" an der Tëschenzäit zu engem feste Rendez-vous ginn. An och d'Covid-Kris dierft dat fir déi drëtt Editioun net verhënneren, ëmmerhi gouf a Raum an Zäit ausgebaut, sou de Curateur Jean-Marc Dimanche.

Fir déi drëtt Editioun vun der Biennale, déi nees an Zesummenaarbecht mam Palais, der Chambre des Métiers an der Spuerkeess organiséiert gëtt, hate sech 138 Artisane gemellt, 67 vun hinne goufe vum Jury de sélection ausgewielt. Besonnesch intressant ass, datt 51% vun de Kënschtler sech eng éischte Kéier ugemellt hunn.

Glas, Metall, Stoff, Keramik, Pabeier - d'Material ass esou villfälteg wéi d'Aarbecht vun de verschiddene Beruffer an Artisten. Skulpturen, Kleeder, Bijouen, Tableauen an nach vill méi ass an de Säll op 19, Avenue de la Liberté ze gesinn

Och dëst Joer wäerten et nees zwee Präisser gi bei der Biennale, dee vum Jury an dee vum Publikum, deen an Zesummenaarbecht mat RTL verdeelt gëtt. Déi zwee wäerten de 15. Dezember bekannt ginn.