Den US-Schauspiller Joey Morgan ass Medieberichter no de Sonndeg de Moien am Alter vun 28 Joer gestuerwen.

De Spriecher vum Schauspiller sot dem Magasinn "The Hollywood Reporter": "Et war ee Schock an huet eis all, déi hie gär haten, schwéier getraff." D'Doudesursaach vum jonke Mann, deen ënnert anerem aus Filmer wéi "Scouts vs. Zombies" bekannt war, ass iwwerdeems nach net bekannt.

Och de Regisseur vum Film "Scouts vs. Zombies" aus dem Joer 2015, de Christopher Landon, huet de Schauspiller op Twitter geéiert: "Hie war roueg, witzeg, intelligent an nodenklech. A wann d'Kamerae gelaf sinn, war hie magnéitesch."