Dëse Film Festival gëtt vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient organiséiert.

Filmer, Workshoppen an Diskussioune stinn um Programm an de Festival soll de palästinensesche Kënschtler d'Méiglechkeet bidden, mat hire Filmer hir Geschichten a Realitéiten op sozialem, politeschen an ekonomesche Plang ze erzielen. D'Claudia Kollwelter huet sech mat verschiddenen vun hinnen ënnerhalen.

"Son of the Streets" heescht ee vun de Kuerzfilmer, deen e Sonndeg am CNA zu Diddeleng gewise gouf an un deem d'Loa Morrell mat geschafft huet. 2019 war si mam Realisateur Mohammed Almughanni am Libanon, wou si e Jong gesinn hunn, dee permanent op der Strooss ënnerwee war an net an d'Schoul gaangen ass. Dat war den Ausgangspunkt vum Projet, wéi d'Loa Morrell erkläert:

"Mir hunn erausfonnt, datt hien e Kand ass, wat baussent engem Mariage op d'Welt komm ass, an huet dofir och keng Carte d'identité an ass néirens registréiert. En existéiert also am Fong net wierklech. Hien huet keng Rechter, kann net an e Spidol an net an eng Schoul..."

Zil vum Documentaire wier et awer, net fir mam Fanger op de Libanon ze weisen:

"Natierlech sollte se och am Libanon Rechter hunn, mä et ass d'Responsabilitéit vun der ganzer Welt. De Libanon huet scho mat genuch ze kämpfen. De Fokus louch fir eis dofir op de Palästinenser méi generell."

De palästinensesche Realisateur Sameer Qumsiyeh ass direkt mat 2 Filmer um Festival vertrueden, konnt awer net wéi geplangt op Lëtzebuerg reesen. Genee dës Schwieregkeet thematiséiert hien am Film "Walled Citizien." Virun 8 Joer wollt hie mam Rucksak duerch d'Welt reesen, wat mat engem palestinensesche Pass net wierklech méiglech ass, wéi hien erkläert:

"Ech hunn also decidéiert, meng Kamera an de Grapp ze huelen an ze versichen, ze reesen an e Film doriwwer ze maachen a mech op d’Sich no Fräiheet maachen. Ech hu mer gesot, wann et technesch net méiglech ass ronderëm d’Welt ze reesen, an ech net fräi sinn, wéi kann een da Fräiheet fannen?"

Et hätt ee vill Problemer duerch d’politesch Situatioun. D'Konflikter an d’Occupatioun wieren Deel vum Alldag, an awer géifen et och positiv Saache gi betount de Sameer Qumisyeh:

"An ech gesinn, datt mer méi a méi Contenu brauchen, dee mat perséinleche Geschichten ze dinn huet, déi d’Leit kënnen novollzéien. Net just déi üblech Geschichten, déi iwwer Palästina erzielt ginn. Mä zum Beispill déi vu Kënschtler, normale Leit, Entrepreneuren, kreative Käpp. Leit, déi tatsächlech eppes maachen, déi eppes versichen ze maachen trotz de Problemer!"

Ma wéi gëtt den Israel-Palästina-Konflikt iwwerhaapt a Filmer a Serien duergestallt? Mat där Fro huet sech de Politikwëssenschaftler François Dubuisson vun der ULB ausernee gesat a festgestallt, datt et eng Evolutioun an där Duerstellung gëtt an awer och nach ëmmer Ënnerscheeder:

"Am israelesche Film ass éischter d'Fro, wéi een Effekt d'Occupatioun op d'israelesch Societéit huet. Bei de palästinensesche Filmer gëtt sech méi zum Beispill mat der Mauer, dem grousse Problem sech ze deplacéieren an sou weider beschäftegt."
Fir d'Loa Morrell si virun allem d'Documentairen, déi sech mat der Thematik ausernee sëtzen e Moyen, de Leit d'Aen opzemaachen an hinnen d'Realitéit ze weisen:

"Ech hunn d'Gefill, d'Leit reagéieren, andeems se soen: Wow, ass et wierklech esou? Si hu keng Anung wéi d'Liewen a Palästina ass, mä och d'Liewe vu Refugiéeën an Nopeschlänner, a virun allem am Libanon, wou et wierklech immens schwiereg ass."

E Méindeg den Owend ass iwwregens e Workshop am Café Rocas an der Stad, bei deem et ëm d’Beweegungsfräiheet vun de Palästinenser geet, déi staark limitéiert ass. Sujet en Dënschdeg den Owend am Film Walled Citizen, deen an der Cinématèque gewisen gëtt.

Fir déi zweeten Editioun vum Festival soll nächst Joer iwwregens de Lëtzebuerger Film a Palästina presentéiert ginn.

Weider Detailer an de komplette Programm vun dëser éischter Editioun, déi nach bis Enn dës Mounts dauert, fannt dir ënnert www.paixjuste.lu