De Präis, deen den 19. November zu Saarbrécken iwwerreecht gouf, ass mat 10.000 Euro dotéiert.

Nach bis den 9. Januar ass d'Gruppenausstellung ëm de Konschtpräis Robert Schuman an der Stadgallerie zu Saarbrécken an am saarlännesche Kulturhaus ze gesinn. D'Ausstellung, an domadder och d'Iwwerreechung vum Präis, ass all 2 Joer a beschäftegt sech mat der aktueller Konscht aus de QuattroPole-Stied Lëtzebuerg, Metz, Saarbrécken an Tréier. Geéiert ginn Nowuesskënschtler aus der Regioun.