Insgesamt 10.245.150 Euro ginn an d'Produktioun vu 16 Filmprojete gestach.

16 Filmprojete kréie finanziell Ënnerstëtzung vum Filmfong. Dat huet de Selektiouns-Comité de Méindeg den Owend matgedeelt.

Déi gréissten Zomm, 2,7 Milliounen Euro, geet un de Film "Little Duke", deen den Andy Bausch am Fréijoer d'nächst Joer wëll realiséieren. Am Ganze gi méi wéi 10 Milliounen Euro a fënnef Filmer, zwee Animatiounsfilmer, zwee Documentairen, zwou Live-Serien, eng Doku-Serie, ee Kuerzfilm, ee kuerzen Animatiounsfilm an zwee Virtual-Reality-Projeten investéiert.

De Communiqué

Le Comité de sélection du Film Fund Luxembourg s'est réuni pour sa quatrième et dernière réunion de l'année 2021

Communiqué par : Fonds national de soutien à la production audiovisuelle

Le Comité de sélection du Fonds national de soutien à la production audiovisuelle  (Film Fund Luxembourg) s’est réuni en ce mois de novembre pour sa quatrième et dernière session de l’année 2021. Les décisions prises par le Comité à l'issue de la séance de délibération consécutive aux différentes réunions se trouvent dans le document joint ainsi que sur le site internet du Fonds sous http://www.filmfund.lu/t/documents/selection-committee-decisions-and-more