Déi verschidden Aspekter vun der Geschicht vu Lëtzebuerg nees frësch opbléie loossen - dat ass d'Iddi, déi hannert deem musikalesche Projet stécht.

Nom grousse Succès vum éischten Deel, deen d'Joren 1830 bis 1944 beliicht hat, kritt een elo historesch Lidder aus der Zäit nom Zweete Weltkrich ze héieren an ze gesinn.

Vum Kale Krich iwwer déi portugisesch Immigratioun bis hin zum Klimawandel, de Jean Bermes, d'Eugénie Anselin, de Georges Urwald an de Laurent Kohn besangen a bespillen an dësem zweeten Deel vum Projet „Lëtzebuerger Fräiheetslidder" Themen, déi d'Joren 1945 bis haut gepräägt hunn. Et si Lidder vun der Strooss, aus satireschen Zeitungen a politesche Revuen, déi op eng lieweg Manéier d'Lëtzebuerger Geschicht vun ënnen erzielen, sou den Dramaturg Marc Limpach.

Am éischten Deel vum Projet gouf op Volleks- a Spottlidder zeréckgegraff, ma elo gi virun allem Lidder aus dem politesche Cabaret opgefouert, dee vun de 60 Joren un hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi eng grouss Roll gespillt huet. Deementspriechend huet ee fir "Fräitheetslidder 2" natierlech och de Sound missen upassen.

Déi historesch Lidder goufe vum Georges Urwald frësch arrangéiert an zum bessere Verständnis a kuerz Extraiten aus deemolegen Zeitungsartikelen oder an historesch Erklärungen agebaut.

Och wann d'Sujeten an de Sound vun de Lidder sech mat der Zäit verännert hunn, sou zitt sech d'Thema Fräiheet wéi ee roude Fuedem duerch d'Geschicht an och duerch de Projet.

Ganzer véier Mol huet een d'Geleeënheet, fir bei dëser musikalesch-politescher Rees dobäi ze sinn. De 24., 25. a 26. November gëtt am Kasemattentheater gespillt. De 27. November stinn d'Museker dann op der Bün vum Stued Theater zu Gréiwemaacher.