30 Joer sinn et de Mëttwoch hir, dass de Queen-Museker, ee vun de gréissten a beléiftste Staren aus der Museksgeschicht, d'Welt verlooss huet.

D'Legend ass de 24. November 1991 zu London un de Folge vun enger Longenentzündung gestuerwen - eng Konsequenz vu senger Aids-Krankheet. Just 45 Joer al gouf de gebiertege Farrokh Bulsara vu Sansibar.

De Mann mat der Véier-Oktave-Stëmm hat u sech éischter eng schei Perséinlechkeet, mee op senge Concerte konnt hien d'Spectateure fesselen, ewéi sos keen. Wann ech eng Kéier net méi sollt do sinn, wäerte se mech ersetzen, esou de Sänger Mëtt den 1980er an engem Interview - awer dat wäert net liicht ginn, huet de Freddie gewitzelt.

De Freddie Mercury, dat war de Sänger a Ballet-Dänzer, dee sengen eegene Krittären no net esou ganz gutt Piano gespillt huet an dee seng beschten Optrëtter dohi geluecht soll hunn, wann hie Liebeskummer hat, oder décken Zoff mat engem. Extrem frou war de Freddie Mercury och mat Kazen, déi him vill Kraaft am Kampf géint seng schwéierer Krankheet ginn hunn.

Schwätzt ee vum Freddie Mercury kommen engem och vill grouss Duoen an de Kapp. Mat der Operesängerin Montserrat Caballé op der Olympiad zu Barcelona oder Queen zesumme mam 2016 verstuerwenen David Bowie. Oder de grousse Concert, den Optrëtt um Live-Aid Concert zu London, wou ee jo och am Film "Bohemian Rhapsody" schéin Erënnerunge gewise kritt.

RTL

Vu lénks no riets: De Queen-Gittarist Brian May, de Schauspiller Rami Malik, deen de Freddie Mercury am Film "Bohemian Rhapsody" duergestallt huet, an de Batteriespiller Roger Taylor. / © afp

D'Band lieft weider mat de Stamm-Museker Brian May (Gittar) a Roger Taylor (Batterie). Hannert dem Mikro huet sech awer een neit Gesiicht installéiert: de Gewënner vun der Casting-Show "American Idol", den Adam Lambert. Seng Stëmm léisst d'Héichzäit vun der brittescher Band nees opliewen, dat ouni den Original nozemaachen.

Wat sinn Är schéinsten Erënnerungen u Queen an de Freddie Mercury? Schreiwt et eis an d'Kommentarer!