Nëmmen 2 Manuskripter vum Einstein iwwert d'Entwécklung vun der Relativitéitstheorie si bekannt. Een dovu koum lo fir eng Rekordzomm ënnert den Hummer.

Dat 54 Säite laangt Dokument vum Physiker Albert Einstein iwwert d'Relativitéitstheorie huet mat 11,6 Milliounen Euro e vill méi héijen Erléis erreecht wéi sech dat Paräisser Auktiounshaus Christie's erwaart hat. Den Einstein hat d'Manuskript an de Joren 1913 an 1914 mat sengem Kolleeg a Vertraute Michele Besso redigéiert.

D'Auktiounshaus Christie's hat de Wäert vum Dokument am Virfeld op 2 bis 3 Milliounen Euro geschat. Ugaange war d'Stee mat engem Startpräis vun 1,5 Milliounen Euro. Ma um Enn hu sech zwou Persounen iwwer Telefon géigesäiteg mat 200.000-Euro-Schrëtt iwwerbueden.

RTL

© AFP/Alain JOCARD

Et wier "ouni Zweiwel dat wäertvollsten Einstein-Manuskript", dat jee bei enger Auktioun ugebuede gouf. Handschrëftlech Fuerschungsmanuskripter vum Physiker aus där Zäit wieren "extrem rar", well den Einstein Dokumenter, déi wärend dem Aarbechtsprozess entstane sinn, meescht net gehalen hätt. Et wier also de Michele Besso, deen et gehalen hat.

Dem Albert Einstein seng allgemeng Relativitéitstheorie huet d'Verständnes vun der Mënschheet iwwer d'Universum a wichteg physikalesch Phenomeener revolutionéiert. Dat versteete Manuskript wier dann och nëmmen ee vun zwee Aarbechtsdokumenter iwwer d'Entwécklung vun der Theorie, där hir Existenz bekannt wier. An deem Sënn wier et en "aussergewéinlechen Zeien" vum Einstein senger Aarbecht a géif en "faszinéierende Bléck an de Geescht vun engem vun de gréisste Wëssenschaftler aus dem 20. Joerhonnert" bidden.