Fir all Joer senge ronn 8 Millioune Visiteure weider ze gefalen, gëtt d’Schlass vu Versailles stänneg restauréiert.

Finanzéiert ginn d'Restauratiounen ënnert anerem vu "Mäzenen". Een Deel vun de Sue kënnt och aus Lëtzebuerg, duerch d’"Fondation de Luxembourg", déi 25 Prozent vun hiren Investitiounen a Projeten a Frankräich investéiert. Viru kuerzem gouf de Boudoir vun der Kinnigin restauréiert, finanzéiert duerch e "Mäzen" mat franséisch-lëtzebuergesche Wuerzelen. D’Lëtzebuerger, ob "Mäzen" oder Visiteur, gehéieren also zu de wesentleche Spender, fir dass dëse Bijou erhale bléift.

Et ass einfach eng Plaz mat méi wéi engem Highlight, eng Plaz vun de Superlativen. Versailles, eent vun de schéinste Schlässer op der Welt, eent vun deene bekanntsten an eent vun deene gréissten. D’Schlass vum Louis XIV huet eng 2.300 extravagant Zëmmer, 815 Hektar mat Parken a Gäert. Matzen am friddleche Schlass-Domaine gouf 1783 den "Hameau de la reine" fir d'Marie-Antoinette gebaut.

Den Direkter aus dem Schlass vu Versailles huet fir déi éischte Kéier der Directrice vun der lëtzebuergescher Fondatioun den "Boudoir de la reine" gewisen. Dëst Landhaus gouf komplett renovéiert duerch en anonymme "Mäzen", dee franséisch-lëtzebuergesch Originnen huet. Seng Fondatioun "LA Marck" ënnersteet der "Fondation de Luxembourg". Mat dësen Aarbechte krut dëst wonnerschéint Gebai nees en zweet Liewen. Fënsteren, Diecher, Schminnien, alles gouf stil-genee restauréiert an et huet bal ee Joer gedauert.

Am "Boudoir", deen an der Zäit och eng beléifte privat Plaz vum Marie–Antoinette war, ass den Ament d’Ausstellung "Art contemporain, les lalanne à Trianon". Villäicht war et hei, wou d’Marie-Antoinette un den attraktive Grof Axel Von Fersen geduecht huet, e schweedeschen Adelegen, deen hir ganz no war.

Dës Geschicht an d’Séil vum Marie-Antoinette liewen am "Hameau de la reine" mat all eenzeler Restauratioun lues a lues nees op. 2019 koumen iwwer 16 Milliounen Euro duerch "Mäzenen" zesummen, dovunner 17 Prozent, déi dem Schlass zu Versailles gehéieren. Duerch Visiteure koume 65 Milliounen Euro eran, Touristen, déi aus der ganzer Welt kommen. 81 Prozent dovunner waren Auslänner.

D’Visiteuren, déi d’Schlass scho kennen, entdecken duerch d’Restauratiounsaarbechten ëmmer nees beandrockend, nei Aspekter vum Gebäi. D’Häerz vum Schlass zu Versailles ass déi bekannte Spigelgalerie. Hir 357 Spigele reflektéieren d’Luucht vum Sonnegott.

Niewent der Spigelgalerie am Häerz vum Kinnekshaus gëtt et ee geheime Cabinet, deen zou ass fir de Grand Public. Hei gëtt op d’Schätz opgepasst, Parzeläin aus dem 18. Joerhonnert, deen deemools vun de franséische Kinneke benotzt gouf, ier e wärend der franséischer Revolutioun verkaf gouf.

D'Parzeläinszëmmer ass duerch Fondatioun Marck entstanen, ënnert der Leedung vun der Fondation de Luxembourg. Dës Finanzéierung erméiglecht et, ëm déi 100 Stecker auszestelle fir privat Visitten. Zu den Ausstellungsstécker gehéiert och de Service mam bloen Hannergrond vum Louis XV.

Dës Servicer fënnt een op der ganzer Welt. D'Marie-Laure de Rochebrune huet se fir d’Schlass vu Versailles bei Konschthändler, Sammler an op Steeën zesummegesicht.

Ob se elo just oppassen, "Mäzenen" oder Visiteur sinn, si droen all zum Erhale vun dëser Ierfschaft bäi, fir dass d'Geschichten, d'Schicksaler, dëse Bijou weider existéiere kann. Net fir näischt gehéiert d'Schlass zanter dräi Joerzéngten och zum Weltkulturierwen.