Wärend der Pandemie huet de Centre de musiques amplifiées, d'Mammenhaus vun der Rockhal, missen ëmdenken. Eng nei Strategie soll elo hëllefen.

De Centre de musiques amplifiées huet en Donneschdeg seng nei Strategie "Where Music matters" virgestallt - "Wou d’Musek eppes bedeit". Se wollten a wëllen och wärend der Pandemie Musek un d'Leit bréngen.

D’Pandemie huet de Centre de musiques amplifiées staark getraff. Nach am Mäerz 2020 ware Concerte geplangt, bis dunn de Lockdown annoncéiert ginn ass. Den Olivier Toth, Direkter vum CMA erënnert sech:

„Dat war eng riseg Katastroph, mir hu vun engem op deen aneren Dag gesot kritt 'Dir dierft keng Concerte méi maachen'. Well et awer eng vun eisen Haaptaktivitéiten ass, déi mer och brauchen, fir eis als CMA kënnen ze finanzéieren, huet ee bemol gesot kritt 'Är Maschinne si fort an dir kritt kee Revenu méi eran'. Also dat war wierklech eng Krisesituatioun."

Et wier een och haut nach ëmmer am Krisemanagement. Dëst an d'lescht Joer huet den "Centre de musiques amplifiées", vu senge Reserven a vun der finanzieller Hëllef vum Kulturministère gelieft. Déi finanziell Situatioun wäert sech och kuerzzäiteg net verbesseren. Mat engem normalen Akommes gëtt nämlech réischt an zwee bis dräi Joer gerechent.

E Bléck op dat nächst Joer weist elo mol nach e vollen Agenda. Dorënner sinn och eng Rëtsch international Kënschtler. En Highlight sinn hei och d'Open-Air-Concerten am Kader vun Esch 2022.

Trotzdeem géing d'Pandemie ëmmer nach vill Onsécherheet mat sech bréngen. Et wéisst een net, ob net nach Concerte misse verréckelt oder ofgesot ginn, esou den Olivier Toth.

„Lo gesäit een, dass an Holland, Däitschland a sou weider, awer Problemer sinn an dat geet duer, well déi international Artiste jo och international hir Tournée plangen. A wann dann Däitschland, Holland, Éisträich oder Frankräich ausfalen, majo da komme se net eleng just op Lëtzebuerg, fir eis ze amuséieren. Da komme se guer net.“ 

Den Olivier Toth geet dovunner aus, datt et vun der zweeter Halschecht vum Joer un erëm méi warscheinlech wier, datt Concerten och kënne wéi geplangt organiséiert ginn. Fir d'Infrastruktur ze verbesseren, gëtt dofir och déi kleng Hal vun der Rockhal ausgebaut, fir bis zu 300 Leit méi empfänken ze kënnen.