Vun a Samschden u flitt d'Luxair-Boeing am neien "Esch 2022"-Design duerch d'Wolleken.

An der Hal Nennig um ale Findel war et de Freideg d’Presentatioun vun enger Boeing, déi vu Samschdeg un am Look "Esch 2022" flitt. Illustréiert ass de Fliger vum Lynn Cosyn, enger Artistin vu Reckeng.

Luxair am neie Look / Reportage Monique Kater

Déi éischt Rees geet op Teneriffa an de Motto vun der Zesummenaarbecht ass deen, dass Esch op sämtlech Luxair-Destinatioune bruecht gëtt, an dass den Design vum Fliger och Leit an d’Minett-Metropol soll féieren, erkläert d’Nancy Braun, Directrice vun Esch 2022.

D’Luxair-Direktioun kritiséiert awer och, dass intern am Betrib de Covid-Check net ëmgesat ginn ass. D’Passagéier hätten erkannt, dass si all Efforte gemaach hätten, erkläert de Gilles Feith, deen der Meenung ass, dass kee Wee laanscht d’Impfung féiert. De Luxair-Generaldirekter schwätzt vun enger "Gesellschaftsresponsabilitéit" an ass der Meenung, dass déi, déi geimpft ginn, keng Restriktioune méi dierfte kréien. Et géif een hirersäits alles maachen, wat am Kampf géint de Covid méiglech wier.