An de leschte Méint hu Fuerscher an der Géigend vun dem klengen Touristenhafe vun Agiokampos d'Fondatioune vun enger Buerg fräigeluecht.

Archeologen a Griicheland mengen, déi antik Stad Maliboea ausgegruewen ze hunn. De Freideg huet de griichesche Kulturministère matgedeelt, Archeologe géinge mengen, endlech d'Stad fonnt ze hunn, déi den Homer a senger Illias beschriwwen huet. D'Awunner vun der Stad hate sech den anticke Schrëften no un dem trojanesche Krich bedeelegt, ëm dee sech eng sëllege Mythen dréien.

An de Fundamenter vun der Buerg hunn d'Archeologen eng Rei wäertvoll Entdeckunge gemaach, dorënner Fragmenter vu Statuen a Keramikobjeten. Op enger Keramik wier deemno d'Wuert "Meliboea" entdeckt ginn, esou de Ministère. D'Ausgruewungsaarbechten hunn iwwerdeems wéinst schlechtem Wieder missten ausgesat ginn. Si sollen awer am Fréijoer weidergoen.