E gouf net nëmmen als "rouegen" oder "introvertéierten", mä och dacks an einfach nëmmen als "drëtte" Beatle bezeechent.

Hie war dee jéngste vun de Fab Four an hat, wann och nëmmen e puer Stonnen, als eenzegen eng musikalesch Ausbildung. Säin Talent als Songwriter gouf dacks verkannt mä vun deenen iwwer 20 Beatles-Lidder, déi aus senger Fieder stamen, sinn der e puer fir d'Éiwegkeet.

RTL

Den Harrison war - am Verglach mam Lennon - dee bessere Gittarist, e war och eng Zort Pionéier vun der "World Music". Mëtt de 60er ass en zum Hinduismus konvertéiert, huet seng Beatles mat an Indien geholl an déi indesch Musek op Liverpool bruecht.

RTL

Meditatioun a Spiritualitéit haten elo och hir Plaz an der Beatles-Welt an no der Trennung ass den Harrison dee Wee weider getrëppelt. Als éischte vun deene 4 huet e schonn am November 1968 e Solo-Album opgeholl (instrumental Musek fir de Film "Wonderwall" mat der Jane Birkin). Mam Triple-Album  "All Things Must Pass" ass em Enn 1970 e bemierkenswäerten Neiufank gegléckt a säi Concert fir de Bangladesch, am August 71 zu New York, war eng vun de bis dato weltwäit gréisste Benefice-Manifestatiounen iwwerhaapt.

No enger dach méi diskreter awer net manner produktiver Phase war den Harrison 1987 mam Album "Cloud Nine" op eemol nees an aller Mond - mat der Hëllef vum Jeff Lynne an engem Mega-Hit: "Got My Mind Set On You".

RTL

© Gered Mankowitz

Mat elo nees frëschem Wand an de Seegelen huet e kuerz drop, a Gesellschaft vu senge Frënn Bob Dylan, Tom Petty, Roy Orbison an nach eemol Jeff Lynne, de Supergroup "Traveling Wilburys" an d'Liewe geruff.

An den 1990 huet den Ex-Beatle sech nees méi zeréckgezunn a vrun allem fir anerer komponéiert a produzéiert. 1999 gouf en Affer vun enger Messerattack déi en nëmme knapp iwwerliewe sollt.

Den George Harrison war 2 mol bestuet, mam Fotomodel Pattie Boyd, dat duerno dem Eric Clapton seng Fra sollt ginn, an uschléissend mat der Sekretärin vu sengem Plackelabel, der Mexikanerin Olivia Arias. Aus där Relatioun staamt dann och säi Fils a Museker Dhani Harrison.

RTL

© Iconic Images/Terry O’Neill

Privat hat den George e grousse Faibel fir Course-Autoen, awer och fir säi 15 Hektar grousse Gaart zu Henley-on-Thames, westlech vu London, an deem en ëmmer nees nei Energie tanke konnt.

RTL

© Apple/EMI

Den 2. Oktober 2001 huet dee schwéier kranken Harrison mat "Horse to the Water" säi leschte Song opgeholl, knapp 2 Méint drop huet en zu Beverly Hills am Haus vum Paul McCartney seng Aen fir ëmmer zougemaach. An esou, wéi en dat wollt, si seng Äschen iwwert dem Floss Jamuna am Norde vun Indien verstreet ginn.