Een international renomméierte Theaterkollektiv Rimini-Protokoll spillt déi nächst Woch „Die Konferenz der Abwesenden“ am Nationalen Theater.

Hei sollen och déi, déi net do sinn, eng Stëmm kréien.

Matgrënner Rimini Protokoll:

Dowéinst heescht d‘Stéck och „Konferenz der Abwesenden“. Mee natierlech geet et am Stéck ëm de genaue Géigendeel. Mir wëlle weisen an zesumme genéissen, datt obwuel net present een awer kann dobäi sinn. Net dobäi am Sënn vun enger Zoom-Konferenz, mee present, well een dat seet wat s du ze soen hues.“

De Regiekollektiv Rimini Protokoll ass eng däitsch Theater-Grupp, déi virun allem fir hir interaktiv Interventiounen a spillereschen Ëmgang mat der Technik bekannt ass.

D‘Zil vum Stéck ass et, en nohaltegen Theater ze presentéieren a perséinlech Geschichten ze deelen. Och ouni Zäitzeien oder grousse Reesen.

Daniel Wetzel, Matgrënner Rimini Protokoll:

Mir hunn eis d‘Fro gestallt: Wa mer dat heiten Stéck elo esou opféieren an all déi Persoune missten alleguer reesen… da wiere mer zu 15. Mir géifen dann all an de Zuch oder Fliger klammen. D‘Bünebild géif geschéckt ginn. Mee wat wann dat guer net géif goen? Oder wat wa mer dat elo anescht upaken?“

Vill vun de Persounen hannert de Geschichte kéinten oder dierften och guer net méi reesen. Zwee Joer gouf fir d‘Presentatioune recherchéiert a mat de concernéierte Leit iwwert hiert Liewen diskutéiert.

Bis ewell ass d‘Stéck duerch Däitschland, Serbien, Spuenien an Italie getourt. No Lëtzebuerg ass et dann un Tschechien an der Belsch.

E Grappvoll Ticketen si fir d‘Optrëtter am Nationale Theater nach ze kréien.