De "Festival Rainy Days" vun der Philharmonie bitt Musek op deenen ongewinntste Plazen.

Um Samschdeg war Rendezvous op der Clausener Bréck, wou di Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz op e Live-Sound Walk invitéiert hat : e musikalesche Spadséiergang vu Clausen an de Gronn.

"Driwwer, drënner, drop" heescht der Cathy Kontz hiert Stéck extra fir de Festival Rainy Days komponéiert.

Vun der Clausener Bréck goung dee musikaleschen Tour weider laanscht d’Uelzecht, wou dee nächste Grupp Museker gewaart huet.

A sou goung et weider bis bei d’Abtei Neimënster. Eng flott an ongewinnten Experienz fir d’Spectateuren. An trotz Rainy Days war schéi Wieder.