An dësem Gebai war déi fréier Mëllerei vun Arbed Belval. 1910 gouf et gebaut.

Al Putteren erënneren un eng längst vergaangen Zäit. An awer lieft de Geescht vun der Schmelz an der Bibliothéik weider.

2/3 vun der Surface vun der fréierer Mëllerei gëtt zanter 2018 als "Learning Center" benotzt. Am Ganze ginn et 230.000 Ouvragen. Dobäi kommen nach elektronesch Bicher.

Sech mat anere Studenten austauschen, Coursen oder Presentatioune preparéieren. Alles dat ass hei op 5 Etagë méiglech.

D'Bibliothéik ass op fir d'Studenten an d'Chercheure vun der Uni. Mee net nëmmen. Jiddereen däerf hei eran. Vum 5.Dezember un ass dann och well all Sonndeg op. Vu moies 8 bis nomëttes 17 Auer.