De Weltraum bedeit och Inspiratioun an Entdeckung. Ënnert deem Motto hunn e Méindeg eng 350 Kanner d’Geleeënheet gehat, fir Astronauten ze treffen.

Dat Ganzt gouf am Kader vun der Ouverture vun Esch 2022 an engem Molconcours organiséiert. Mat hire Biller sinn d’Schoulklassen e Méindeg de Moien op Belval komm.

Wéi bei Esch 2022 ass et och beim Molconcours dorëms gaangen, Kanner aus Frankräich a Lëtzebuerg zesummen ze bréngen. D’Anaëlle ass zum Beispill zu Audin-le-Tiche an der Schoul an huet sech fir säi Bild eppes ganz Besonnesches afale gelooss: «Eis Rakéit ass aus recycléiertem Material gemaach a fonctionéiert nëmme mat Solarenergie.»

Dass besser sollt op eise Planéit opgepasst ginn, war och ee vun de wichtege Messagë vun den Astronauten: "Well mer wëssen, dass de Planéit vun den Aktivitéite vum Mënsch ugegraff gëtt an dowéinst musse mer méi responsabel sinn. Mä mir wollten och d’Inspiratioun vermëttelen, de Virwëlz, fir Saache wëllen ze entdecken, méi wäit ze kucken a Léisungen ze fannen", sou d'Claudie Haigneré, Astronautin.

De Weltraum bedeit och Entdeckung a Fantasie. An dat wier an de Biller vun de Kanner och eriwwer komm: "Si hu gebastelt a gemoolt an dat ass dee Virwëlz, deen eis och ëmmer erëm faszinéiert. Well mir fuerschen jo friem Planéiten an op der Internationaler Raumstatioun, well mer virwëlzeg sinn. An dat wënschen ech de Kanner, dass si dat bäibehalen", huet den Astronaut Reinhold Ewald erkläert.

Inspiratioun kruten d’Kanner e Méindeg op jidder Fall, och duerch déi vill praktesch Experimenter, déi Loscht op d’Fuerschung maachen. "Ech haat net gemeng, dass ech géing gewannen an elo sinn ech och voll opgereegt", sot dat 11 Joer aalt Maria aus der Reebou-Schoul vu Beetebuerg. Och dat 9 Joer aalt Anaëlle huet sech gefreet: "Dat war magesch, dat war super, ech hätt ni geduecht, dat wierklech hinzekréien an et ass awer geschitt an ech si richteg frou doriwwer."

Am Kader vun Esch 2022 soll de Kanner a Jonker och e villfältege Programm ugebuede ginn.