En eenzegaartegt Konzept hei am Land, dat kreativ Mënschen aus allen Domainer zesummebréngt.

Iwwer 500 Leit schaffe mëttlerweil um Site. Architekten, Grafiker, Fotografen, Cineasten oder Kënschtler, déi hiert Wëssen an hir Erfarunge kënne mat den aneren deelen oder fir u gemeinsame Projete kënnen ze schaffen.

Ouverture vum Bâtiment "B"

Den 11. an 12. Dezember ass d’Inauguratioun vum drëtten a leschte Gebai vum "Creativ Hub 1535", dat d’Konzept vun enger Kreativer Gemeinschaft komplett mécht. 10 Joer huet et gedauert, fir aus den 3 fréieren Ateliere vun der Arbed eng Gemeinschaft zesummenzesetzen, wou kreativ Beruffer sech kënnen austauschen oder zesummeschaffen.

6 Geschäfter an eng grouss Prouf-Hal

De fréieren Zillen-Schapp gouf elo an eng grouss Prouf-Hal fir Acteuren, Dänzer oder Cineasten ëmgebaut. Endlech huet Lëtzebuerg eng Plaz, wou d’Leit aus den "Arts du Spectacle" hir Kreatioune kënne prouwen an dat ënner beschte Konditiounen. 6 Geschäfter fir Kënschtler an Handwierker komme laanscht d'Allee vum éischte Gebai, wat de ganze Site wäert zesummeschweessen.

No der grousser Inauguratioun den 11. an 12. Dezember ass d’Konzept vun engem kreativen HUB da komplett, fir de Konschtschaffenden eng ideal a professionell Struktur ze bidden.