"Wellebriecher" heescht et net nëmmen eise Corona-Podcast hei bei eis um Radio mä "Wellenbrecher" ass och d'Wuert vum Joer an Däitschland.

De Begrëff, deen aus der Schëfffaart kënnt, gouf  elo an der Pandemie jo derfir benotzt, fir d'Mesuren ze beschreiwen fir d'Infektiounszuelen ze briechen .

Datt d'Wuert vum Joer vun der "Gesellschaft für deutsche Sprache" e Lien mat der aktueller Pandemie misst hunn, dierft vu fir era kloer gewiescht sinn.