Schonn zanter 1955 gëllt de World Press Photo Award als weltwäit renomméiertste Concours fir Pressefotografie.

Am Abrëll dëst Joer hat en internationale Jury aus ronn 74.500 Fotoen déi beschten Aarbechten ausgewielt a ganzer 45 Fotografen a Fotografinnen aus der ganzer Welt präméiert. Zanter dem 1. Dezember sinn déi beschte Fotoen aus dem Joer 2020 an der Abtei Neimënster ze gesinn.

D'Gewënner vum World-Press-Photo-Concours 2021 weise mat hire Fotoen a Geschichten eng Vilfalt u Perspektiven zu deenen Evenementer an Themen, déi dat besonnescht Joer 2020 gepräägt hunn. Dat waren d'Protester fir sozial Gerechtegkeet, d'Klimakris a virop natierlech d'Covid19-Pandemie.

Sou weist d'Welt-Press-Foto vum Joer eng 85 Joer al Brasilianerin, wéi si duerch e Plastiksrideau, e sougenannten “hug curtain“, vun enger Fleegerin ëmäermelt gëtt. Et ass déi éischten Ëmäerblung no 5 Méint sozialer Isolatioun. Agefaange gouf dësen emotionale Moment vum dänesche Fotograf Mads Nissen.

Als "World Press Photo Story of the Year" gouf dem italienesche Fotograf Antonio Faccilongo seng Serie "Habibi"ausgezeechent. Ee Laangzäitprojet iwwer d'Konsequenzen, déi den Israelkonflikt op palestinensesch Famillen huet.

Bis den 20. Dezember kann een déi weltbeschte Pressefotoen aus aacht verschiddene Kategorien am Neimënster entdecken.