D'Schongfabrick zu Téiteng gouf 1912 inauguréiert. Zënter 1990 gëllt dës al Fabrick als kulturellen Treffpunkt vun der Gemeng Keel.

Elo kënnt e ganz neie Lieu mat dobäi: de Musée Ferrum mam Espace Kirscht. Dee gouf benannt nom Rëmelenger Moler Emil Kirscht a fir dës éischt Expo kritt een e ganz gudden Abléck an dem Kënschtler seng Wierker aus dem 20. Joerhonnert.

Eng ganz nei Annexe gouf direkt hannert der bekannter Schongfabrick zu Téiteng gebaut. Een Deel vun den ale Gemaier gouf awer och restauréiert. Hei soll am Fréijoer en neien Espace erstoen, wou een an enger Dauerausstellung d’Geschichte vum Keeler Dall méi no bruecht kritt.

Wann dësen Deel och eréischt an e puer Méint seng Dieren opmécht, den Espace Kirscht huet seng Ouverture scho gefeiert. Den Ament kann een eng ganz Kollektioun ronderëm de Rëmelenger Moler Emil Kirscht entdecken. Eng Kollektioun, déi vun der Famill Haan-Duval gestëft gouf.

Dem Emil Kirscht seng Peinturë wäerten dann och nei operliewen. E wichtege Volet vum Musée sinn nämlech edukativ Workshoppe mat Kanner.

Den Espace Kirscht ass dann ëmmer vun donneschdes bis sonndes op. Fir de Ferrum Musée z'entdecken, muss ee sech viraussiichtlech nach bis Abrëll gedëllegen.