20 Joer nodeems deen éischte Film iwwer d'Leinwand geflackert ass, ass et esou wäit: De Cast kënnt nees zu Hogwarts zesummen.

Et gi vill Traditiounen ëm d'Feierdeeg. Wärend bei deenen enge Familljen all Joer eng Dinde op den Dësch kënnt, maachen et sech anerer beim Film-Marathon gemittlech. Fans vun der Film-Oktologie "Harry Potter" kënne sech elo freeën: den 1. Januar 2022 geet et fir si nees zeréck op Hogwarts.

20 Joer nodeems deen éischte Film eraus komm ass, kommen déi Schauspiller, déi een zum Deel op der Leinwand opwuesse gesinn huet, nees beieneen. An der Spezial-Sendung "Return to Hogwarts" vun HBO Max wäerten nieft dem Harry (Daniel Radcliffe), dem Ron (Rupert Grint) an dem Hermine (Emma Watson) ënnert anerem och d'Schauspiller Tom Felton (Draco Malfoy), Matt Lewis (Neville Longbottom), Helena Bonham Carter (Bellatrix Lestrange), Robbie Coltrane (Hagrid) a Ralph Fiennes (Voldemort) ze gesi sinn. Nieft HBO Max wäert déi magesch Reunioun och op Sky ze fanne sinn.

Iwwerhaapt gëtt 2022 ee gutt Joer fir "Harry Potter" Fans: Am Abrëll 2022 soll den drëtten Deel vun der Spin-Off-Serie "Phantastische Tierwesen" mam Titel "Dumbledores Geheimnisse" an d'Kinoe kommen. Am Laf vum nächste Joer soll et ausserdeem een éischt Videospill am Open-World-Format ginn, an deem een d'Roll vun engem Hogwarts-Schüler aus dem 19. Joerhonnert iwwerhëlt. Ee genaue Publikatiounsdatum fir d'Spill "Hogwarts Legacy" gëtt et hei awer nach net.