No engem schwéiere Joer 2020 konnten déi Kulturschaffend 2021 opootmen. Als bal eenzegt Land an Europa sinn am Januar d’Kulturhaiser nees opgaangen.

Um Enn vum Joer zéie mir a sechs verschiddene Beräicher mat den Organisateuren de Bilan: et war nach villes komplizéiert, mä et ass awer och villes entstanen.

Dësen Interview vun eiser Serie ass éischter en Ausbléck wéi e Réckbléck. De 26. Februar 2022 fänkt Esch 2022 un. Dann ass d'Minettsmetropole mat hire Partner-Gemengen aus dem Minett an aus dem franséische Grenzgebitt europäesch Kulturhaaptstad.

Einfach waren déi lescht Joren net: 2018 huet d’Nancy Braun als Coordinatrice de Projet Esch 2022 iwwerholl. 2020 huet dunn d’Pandemie d’Virbereedunge gebremst. D’Christiane Kremer huet sech mam Nancy Braun ënnerhalen.