Et ass den éischte Film zanter dem Ufank vun der Pandemie, deen esou vill Geld erabruecht huet.

Iwwer eng Milliard Euro, ëmgerechent 884 Milliounen Euro, huet d'Comic-Verfilmung „Spider-Man: No Way Home" agespillt. Eng leschte Kéier war dat 2019 de Fall mat „Star Wars: The Rise of Skywalker".

D'Milliard-Dollar-Mark huet de Film bannent 12 Deeg geknackt, sou "Variety". Bis ewell ass dat just zwee Filmer aus dem Marvel-Universum gelongen, an dat an Net-Corona-Zäiten. Nëmme 5, respektiv 11 Deeg hate béid „Avengers"-Filmer ("Endgame" an „Infinity War") dofir gebraucht.

Den erfollegräichste Film, deen dëst Joer an de Kinoe weltwäit ugelaf ass, war virum „Spider-Man 3" den James-Bond-Film „No Time to Die". Dësen huet 684 Milliounen Euro agespillt.