Si ass op Silvester am Alter vun 99 Joer verscheet. Eng vun hiren erfollegräichste Rolle war déi als "Rose Nylund" an der Kult-Serie "Golden Girls".

Joerzéngtelaang stoung d'US-Schauspillerin a Komikerin virun der Kamera. Méi wéi 80 Joer war si an der Tëlee-Branche täteg an zielt zu de berüümtsten Actricen an der US-Geschicht. Nom Doud vum Estelle Getty (2008), Beatrice Arthur (2009) a Rue McClanahan (2010) war d'Betty White dat lescht "Golden Girl".

RTL

© AFP

Elo ass si am Alter vun 99 Joer gestuerwen. Alt éischt hat d'Promi-Portal TMZ iwwert hiren Doud bericht. De 17. Januar hätt si hiren 100. Gebuertsdag gefeiert.

D'Betty White hat ënnert anerem och Gaaschtoptrëtter a Serië wéi "Ally McBeal" (1999), "My Wife And Kids" (2004), "Everwood" (2003+2004) an "Malcolm in the Middle" (2004). D'Actrice war och an "The Bold and the Beautiful" (2006-2009), "Boston Legal" (2005-2008) oder "The Middle" (2010) ze gesinn. Als Synchronspriecherin war hir Stëmm an "Toy Story 4", "Tom Sawyer" oder "The Lorax" ze héieren.

7 Mol gouf si mam renomméierten Emmy-Award ausgezeechent, 2015 krut si de People's Choice Award an der Kategorie "Favorite TV Icon" an 2012 gouf et esouguer e Grammy Award.

RTL

© AFP

Nieft hirer berufflecher Karriär huet sech d'Betty White och fir den Déiereschutz engagéiert. Jorelaang war si am Virstand vun der Morris Animal Foundation. Fir hiren Engagement krut d'Schauspillerin 2009 vum Jane Goodall Institute als éischt Persoun den "Leadership Award" fir hiert Liewenswierk.

RTL

© AFP