Den neien Disney-Animatiounsfilm hëlt kleng a grouss Spectateure mat op eng fantastesch Rees an déi kolumbianesch Bierger.

An der Famill Madrigal hunn all d'Kanner an Erwuessener eng aussergewéinlech Fäegkeet, déi duerch den Zauber vun Encanto kënnt. Encanto ass d'Duerf, an deem se wunnen. D'Häerzstéck vun dëser Platz ass d'Casita vun de Madrigals, e verzaubert Haus, an deem déi ganz Famill wunnt. Bei de Madrigals gëtt et awer e schwaarzt Schof. D'Mirabel huet nämlech keng speziell Fäegkeet a riskéiert doriwwer eraus den Zauber vun Encanto fir ëmmer ze zerstéieren. D'Mirabel wëll sech awer net mat sengem Schicksal zefridde ginn a setzt alles drun, fir d'Casita, d'Famill an den Zauber ze retten.

Disney a Pixar Studios sinn zënter hirer Fusioun e Garant fir Qualitéit, Emotiounen an Ënnerhalung. Dëst ass och bei "Encanto" net anescht. Dëse fantasievolle Musical ass eng inspiréierend Geschicht iwwert d'Iwwerwanne vu schwéiere Schicksalsschléi. "Encanto" ass d'Geschicht vun enger Band vun Aussesäiter, déi duerch all hir Obligatioune vergiess hunn, wat et heescht, eng Famill ze sinn an een den aneren z'ënnerstëtzen.

"Encanto" ass souwuel um techneschen Niveau e Genoss fir d'A, wéi awer och eng spannend Geschicht, déi vun den exzellente Lidder vum Lin-Manuel Miranda gedroe gëtt. Den Auteur vum phänomenalen Hamilton-Musical vermëscht wéi gewinnt Witz an aussokräfteg Texter mat enger matrappender Musek an dësem typeschen Disney-Animatiounsfilm, dee souwuel déi grouss wéi déi kleng Kinosfrënn begeeschtere kann.