U sech sollt de Mr Big am leschten Episod ze gesi sinn. Wéinst enger Partie Vergewaltegungsvirwërf huet sech de Sender awer ëmentscheet.

An der éischter Folleg stierft de Mr Big an den Äerm vu senger Fra, dem Carrie Bradshaw. An der leschter Zeen sollt den Acteur nach emol gewise ginn. Elo gouf decidéiert, déi lescht Zeen mam Chris Noth aus "And Just Like This ...." erauszeschneiden. Dat mellen "The Hollywood Reporter" an "Variety".

4 Fraen hunn dem Schauspiller jo sexuell Iwwergrëffer reprochéiert. D'Dote sollen tëscht 2002 an 2015 geschitt sinn. Den Noth huet d'Virwërf vu sech gewisen. Et wier zu Rendez-vouse mat de Frae komm, awer net zu Mëssbrauch, huet den Acteur ënnerstrach.

Enn Dezember hu sech seng Schauspill-Kolleeginne Sarah Jessica Parker, Cynthia Nixon a Kristin Davis op Twitter zu de Virwërf geäussert a gesot, si géingen d'Fraen ënnerstëtzen, "déi sech gemellt an hir schmäerzhaft Erfarunge gedeelt hunn".

Déi lescht Folleg vum Spin-off vun der beléifter US-Serie "Sex and the City" ka vum 3. Februar un online gestreamt ginn.