De 26. Februar 2022 fält mam REMIX Opening 2022 de Startschoss an dat neit Kulturjoer 2022.

Tëscht 16:00 Auer an 23:00 Auer fannen d'Leit am Zentrum vun Esch an zu Esch-Belval op verschiddene Plazen, op Bünen an op verschiddene Stroossenecker, Live-Musek, DJ’s, Dänz, Projektiounen, Lightshow an eng weider sëllege spektakulär Animatiounen

De REMIX Opening ass eng aussergewéinlech participativ Erfarung, bei där Dir eng aktiv Roll spillt.

Wann Dir méi wësse wëllt, da verpasst net d'Geleeënheet, fir bei dësem aussergewéinlechen Evenement dobäi ze sinn an huelt Iech elo Är Gratis Ticketen hei.