De Sidney Poitier war den éischte schwaarze Schauspiller, deen en Oscar fir eng Haaptroll krut.

De berüümten Acteur ass am Alter vun 94 Joer verscheet. Dat huet den Ausseminister vun de Bahamas Fred Mitchell e Freideg confirméiert.

Bekannt war de Sidney Poitier fir seng Rollen a Filmer wéi Guess Who’s Coming to Dinner, In the Heat of the Night a Lilies of the Field, fir deen hien och als éischte schwaarze Schauspiller fir den Oscar nominéiert gouf an dësen och gewonnen huet.

Dem Poitier seng Famill staamt vun de Bahamas, hien ass och do opgewuess. Gebuer gouf hien allerdéngs a Miami am US-Bundesstaat Florida, wéi seng Elteren grad do op Besuch waren. Doduerch war hien en US-Staatsbierger.