Hie gouf an den 80er an 90er Jore bekannt duerch seng Roll als Danny Tanner an der Fernseeserie "Full House".

D'Police aus dem Bezierk Orange County am Bundesstaat Florida huet e Sonndegowend Lokalzäit matgedeelt, dass si de Bob Saget doudeg an engem Hotelszëmmer fonnt hunn. Et goufe keng Unzeeche fir e kriminellen Hannergrond oder Drogekonsum fonnt, schreift d'Police op Twitter.

Hie war grad op US-Tournée an hat e puer Stonne virdrun nach en Optrëtt an der Stad Jacksonville. No sengem Optrëtt hat hie sengem Publikum nach iwwer Twitter Merci gesot: "Ech hu guer net gemierkt, datt ech den Owend zwou Stonnen op der Bün stoung. Ech sinn nees glécklech süchteg duerno."

De Saget gouf 65 Joer al an hannerléisst seng Fra an dräi Kanner. Den John Stamos, deen an der Sitcom "Full House" nieft dem Bob Saget den "Monni Jesse" gespillt huet, huet no der traureger Nouvelle op Twitter geschriwwen: "Ech wäert ni méi ee Frënd hu wéi hien."