An der Nuecht op e Méindeg goufen zu Hollywood d'Golden Globes iwwerreecht. Dat allerdéngs an engem däitlech reduzéierte Kader.

"The Power of the Dog", eng Zort Western vun der Regisseurin Jane Campion, huet de Präis fir de beschte Filmdrama gewonnen an huet sech domat géint d'Filmer "Dune" a "Belfast" duerchgesat. "D'Jane Campion krut och de Präis fir déi beschte Regie.

"West Side Story" vum Steven Spielberg gouf als beschte Musical/Komedie ausgezeechent an d'Rachel Ziegler krut fir hir Roll am Film de Präis vun der beschter Schauspillerin an där Kategorie. D'Nicole Kidman krut fir hir Roll an "Being the Rocardos" de Präis vun der beschter Schauspillerin an der Kategorie Drama.

Als beschten Acteur (Drama) gouf de Will Smith fir seng Roll am "King Richard" geéiert, grad ewéi den Andrew Garfield fir "Tick,Tick.. . BOOM" (Musical/Komedie).

D’Golden Globes gëlle jo als éischten Tendenz-Barometer fir d’Oscaren. Allerdéngs huet d' Präisiwwerreechung an de vergaangene Jore staark u Bedeitung verluer, an dat net just wéinst der Pandemie. Wéinst Kritik u feelender Diversitéit an der Jury hat ënner anerem d'US-Chaîne NBC dëst Joer ugekënnegt, d'Gala net ze iwwerdroen, bis Verännerungen ëmgesat gi sinn.