No enger siwe Joer laanger Paus mellt sech de belsche Museker Stromae nees mat engem neien Album an enger Tour zeréck.

Een Interview, deen de Stromae der franséischer Chaîne TF1 ginn huet, mécht elo ënnert anerem d'Ronn an de soziale Medien an deet vu sech schwätzen. Zu enger vun den Haaptsendezäiten huet hie mat sengem neie Lidd "L'enfer" d'mental Gesondheet thematiséiert an et zum Schluss vum Interview och virgesongen.

"L'enfer" ass ee ganz perséinlecht Lidd, an deem hie seng Erfarung mat Suicidegedanken thematiséiert. Et geet doran och ëm Scholdgefiller an Einsamkeet. Am Refrain sengt hien: "Oui, j'ai parfois eu des pensées suicidaires et j'en suis peu fier. On croit parfois que c'est la seule manière de les faire taire, ces pensées qui me font vivre un enfer."

No dem rasante Start vu senger Karriär, ënnert anerem mat "Alors on danse", hätt hie virun allem emol eng Paus gebraucht, fir einfach emol ze liewen, esou de Stromae am Interview. Hien hätt a senger Auszäit d'Chance gehat, sech ze bestueden a Papp ginn ze sinn.

Wann Dir oder een deen Dir kennt vun änleche Problemer betraff sidd, kënnt Dir ënnert anerem iwwert de Site www.prevention-suicide.lu Hëllef fannen.