Deen éisträichesche Fotograf Alfred Seiland bereest a fotograféiert historesch Lieuen uechter déi ganz Welt.

Jorelaang huet hien d'Spuere vum réimesche Welträich erfuerscht, ma zanter 2017 beschäftegt hie sech mam Zesummespill vun der Vergaangenheet an der Géigewaart vum Iran.

Seng Ausstellung "Iran between times", soll de Betruechter dozou ureegen, dat dacks duerch Virurteeler a Klischeeë gepräägte Bild vum Iran ze hannerfroen.

Landschaftsbiller, déi déi komplex a räich Geschicht vum Iran illustréieren, treffen an der Ausstellung "Iran between times" op Momentopname vun onverfälschten Alldagssituatiounen. Dem Alfred Seiland seng ronn 60 Fotoe weise Land a Leit esou, wéi si sech selwer presentéieren.

De Fotograf interesséiert sech fir antik Lieuen, fir déi historesch Iwwerreschter vum persesche Räich, ma wat hie ganz besonnesch faszinéiert, ass, wéi d'Mënsche mat hirem historeschen Ierwen ëmginn.

Den Alfred Seiland ass bekannt fir analog Groussbildopnamen, ma well et a politesch ugespaanten Zäiten net einfach ass, e Pressevisum fir den Iran ze kréien, huet hien d'Land 2019 mat enger Digitalkamera bereest. De Fotograf hat sech quasi nei erfanne missen, ma seng eenheetlech visuell Sprooch ass erhale bliwwen.

Bis den 11. September 2022 ass "Iran between times" am MNHA ze gesinn.

Am Kader vun dëser Ausstellung ass ausserdeem ee pedagogesche Programm mat Workshoppen, guidéierte Visitten an enger Partie Virträg virgesinn.