Si ass eng vun de meeschtgelieste Schrëftstellerinnen an den USA an huet un der Säit vum Martin Luther King fir d'Rechter vu Schwaarzer gekämpft.

Verschidde Véiereldollarmënzen, sougenannte Quarters, wäerten an Zukunft d'Bild vun der US-amerikanescher Dichterin a Biergerrechtsaktivistin Maya Angelou weisen. Wéi déi entspriechend Agence vun de Vereenegte Staate matgedeelt huet, hätt d'Ausliwwerung schonn ugefaangen. Weider Mënzmotiver mat prominenten US-amerikanesche Frae si geplangt.

RTL

© The Department of Treasury/AFP/File/Handout

Mam Maya Angelou ass fir d'éischte Kéier eng schwaarz Fra op engem Quarter ze gesinn. Si hätt "mat hirer Brillanz an hirem kënschtleresche Schaffe Generatioune vun Amerikaner inspiréiert", sot d'US-Deputéiert Barbara Lee, déi de Gesetzesentworf deponéiert hat.

Déi 1928 zu Saint Louis gebuere Maya Angelou, gëllt als eng vun de meeschtgelieste Schrëftstellerinnen aus den USA. Bekannt gouf si 1969 mat hire Kandheetserënnerungen "Ech weess, dass de gefaangene Vull séngt". Hei erzielt si vun hiren Erfarungen an de Jore vun der Rassentrennung.

Vun 1959 huet si mam Martin Luther King zesummegeschafft a gouf zu enger wichteger Figur am Biergerrechtskampf. Och mam Malcolm X war si befrënnt. 2010 krut si vum deemolegen US-President Barack Obama d'"Presidential Medal of Freedom" iwwerreecht - eng vun den héchsten zivillen Auszeechnungen. 2014 ass si am Alter vu 86 Joer gestuerwen.

Op der Mënz ass d'Maya Angelou mat ausgebreeten Äerm ze gesinn. Hannert hir sinn e Vull, dee flitt an eng Sonn, déi opgeet. D'Motiv wier "inspiréiert vun der Maya Angelou hirer Poesie" a stéing "symbolesch fir hir Liewensweis", huet de Finanzministère op Twitter geschriwwen.

An den nächste véier Joer sollen 20 weider Véiereldollarmënze mat US-amerikanesche Fraen erauskommen, déi eng wichteg Roll an der Geschicht vum Land gespillt hunn. Geplangt sinn an dësem Joer nach Mënze fir d'Sally Ride, déi éischt weiblech US-Astronautin, eng fir d'Wilma Mankiller, Schrëftstellerin a Kämpferin fir d'Rechter vun de Cherokee souwéi d'Anna May Wong, déi éischt chineesesch-amerikanesch Schauspillerin zu Hollywood.