Zesumme mat 3 Kolleegen huet de Michael Lang 1969 de Woodstock-Festival gegrënnt an organiséiert. Et war den Héichpunkt vun der Hippie-Beweegung.

De Michael Lang ass schonn e Samschdeg am Alter vu 77 Joer un enger seelener Form vum "Non-Hodgkin-Lymphom" an engem op Kriibs spezialiséierte Spidol zu New York gestuerwen. Dat huet e Frënd vun der Famill, de Michael Pagnotta op Twitter matgedeelt.

De Lang hat mat sengem Kolleeg Artie Korfeld an den Investisseuren Joel Roseman an John Roberts 1969 op enger grousser Wiss vun enger Farm am US-Bundesstaat New York de Festival vun 3 Deeg organiséiert, dee bis haut als de legendäersten Open-Air-Event op der Welt gëllt. Gréisste wéi d'Janis Joplin, Joe Cocker, Joan Baez, Santana an Jimi Hendrix sinn do opgetrueden an hunn dëse Festival onvergiesslech gemaach.

RTL

vu lénks no riets: Artie Kornfeld, Michael Lang an Joe Roseman / © AFP Archivbild

Méi wéi 400.000 Mënschen hu vum 15. bis den 18. August am Geescht vun der Hippie-Beweegung op d'Musek goe gelooss, Droge konsuméiert an déi fräi Léift praktizéiert.

Zum 50. Joresdag am Joer 2019 wollt de Lang e grousse Jubiläumsconcert organiséieren, deen um Enn wéinst logistesche Problemer a well wichteg Finanzpartner sech zeréckgezunn hunn, ofgesot gouf. De Michael Lang hannerléisst seng Fra a 5 Kanner.