E Mëttwoch den Owend feiert d‘Stéck am Kasemattentheater seng Uropféierung.

Als "Hauptmann" verkleet hat dee Berliner Schoustergesell Wilhelm Voigt 1906 de Kommando iwwer eng Grupp vu guttgleewege preiseschen Zaldoten iwwerholl, fir de Buergermeeschter vu Köpenick ze verhaften. No enger 3 Joer aler Prisongsstrof fir dëse Coup hat et hien op Lëtzebuerg gezunn, wou hien och seng lescht 13 Liewensjore verbruecht huet.

Zum 100. Doudesdag vum Wilhelm Voigt huet de Lëtzebuerger Auteur Guy Helminger een zäitgenëssescht a villschichtegt Koméidisstéck iwwer dem Gauner seng Zäit hei am Land geschriwwen. D‘Regie heivunner huet dee Berliner Regisseur Kay Wuschek iwwerholl.

No senger Entloossung notzt de Wilhem Voigt seng Bekanntheet, fir Geld ze verdéngen a geet op Tournée. 1909 léiert hien no engem Optrëtt als "Hauptmann von Köpenick" hei zu Lëtzebuerg d’Madamm Blum kennen. Un der Säit vun dëser Fra duerchlieft de Wilhem Voigt bis zu sengem Doud dräi existenziell Phasen, mat deenen den Auteur Guy Helminger an de Regisseur Kay Wuschek e wëllt Spillfeld kreéiert hunn.

D’Brigitte Urhausen an de Michael Schrodt klammen an dësem Koméidisstéck net just an d’Rolle vun deenen zwou historesche Figuren, ma si spillen och zwee Schauspiller. "Madamm Köpenick" ass nämlech ee Stéck am Stéck.

Genee dëse stännege Perspektivewiessel ma och déi vill Parallellen, déi tëscht der deemoleger an eiser haiteger Zäit gezu ginn, maachen dëst Stéck sou spannend. Dem Zuschauer bitt sech, esou de Kay Wuschek, eng reegelrecht Spillwiss.

Am Kasemattentheater gëtt bis den 20. Januar gespillt, vum 8. bis den 11. Juni ass d'"Madame Köpenick" dann an der Vaganten Bühne zu Berlin ze gesinn.