Rezent huet den David Bowie säin Timber kritt, virun him den Elvis, Buddy Holly, Janis Joplin oder nach den Jimi Hendrix. Lo ass et un de Rolling Stones.

Pünktlech fir hire 60. Bandjubiläum ginn d'Rolling Stones vun der Royal Mail geéiert. An u sech passt d'Kombi ganz gutt, wann ee just un hire Logo mat der rausgestreckter Zong denkt, predestinéiert fir een exklusive Set Timbere mat Fotoe vun der Band.

Ze kréien ass de Set aus 12 Timbere vum 20. Januar un an en ass als Tribut un eng vun de bestännegste Rockbands vun allen Zäite geduecht. 8 Timbere weisen de Leadsänger Mick Jagger, d'Gittariste Keith Richards a Romie Wood souwéi de verstuerwenen Drummer Charlie Watts op Concerten. Déi aner 4 Timbere weisen 2 Biller vun der Band zesummen an op 2 si Plakater vun de weltwäiten Tournéeën ze gesinn.