Hien ass Museker, Komiker a virun allem Schrëftsteller. De gebiertegen Hamburger Heinz Strunk trëtt e Sonndeg am Atelier an der Hollerecher Strooss op.

Offiziell ass et eng Liesung. Den Heinz Strunk presentéiert säi Buch "Nach Notat zu Bett: Heinz Strunks Intimschatulle". Et ass net seng neiste Publikatioun. D'Buch ass 2019 erauskomm. Duerno hat den Auteur eng Tour lancéiert. Déi war awer du vun der Pandemie ënnerbrach ginn. Den Optrëtt am Atelier gouf zwee Mol reportéiert, op elo dann eben e Sonndeg de 16. Januar.

Hie wäert awer net just dréchen aus sengem Buch virliesen, wéi hien am Interview mam Pierre Jans erzielt huet.

Dat neit Wierk setzt sech zesummen aus diversen Texter aus engem fiktiven Tagebuch, déi noeneen am Satire-Magazin Titanic verëffentlecht goufen. Aus der Sammlung ass "Nach Notat zu Bett" entstanen.

Fiktiv, well een ni genee weess, wat wouer ass, a wat net. Respektiv wat aus dem Heinz Strunk sengem reellen Alldag ass a wat net. Villes huet den Auteur nämlech aus legendären Tagebicher vu groussen Auteuren, wéi dat vum Thomas Mann zum Beispill.

Als Schrëftsteller hat den Heinz Strunk säin Duerchbroch mam Roman "Der Goldene Handschuh", an deem hien d'Geschicht vum Hamburger Seriemäerder Fritz Honka erzielt, dee seng weiblech Affer ëmmer am Bistro "Der Goldene Handschuh" erausgesicht huet.

De 16. Juni um 19 Auer trëtt den däitschen Auteur zu Lëtzebuerg op. Fir den Auteur ass et iwwerhaapt eng éischt Visitt vum Grand-Duché.

Den Heinz Strunk iwwer Lëtzebuerg
Hien ass Museker, Komiker a virun allem Schrëftsteller. Den gebiertegen Hamburger Heinz Strunk trëtt e Sonndeg am Atelier an der Hollerecher Strooss an der

Tickete ginn et nach op atelier.lu