An de 60er Joren hat d'Band "The Ronettes" Hits wéi "Be My Baby" a "Baby, I Love You". D'Leadsängerin Ronnie Spector ass elo u Kriibs gestuerwen.

Dat huet d'Famill matgedeelt. D'Sängerin gouf 78 Joer al.

Mat hirer Schwester Estelle Bennett an hirer Cousine Nedra Talley huet d'Ronnie Spector Enn de 50er Joren zu New York e Gesangstrio an d'Liewe geruff, dee spéider vum Produzent Phil Spector entdeckt gouf. 2007 gouf den Trio an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl.

Mam Phil Spector war d'Sängerin vun 1968 u fir e puer Joer bestuet. 1990 goufen hir Memoirë verëffentlecht, an do schwätzt d'Sängerin vun engem Bestietnis voller Gewalt a mat Doudesmenace vun hirem jalouse Mann.

De Plakkeproduzent a verurteelte Mäerder ass virun engem Joer an engem kalifornesche Prisong verstuerwen. Hie war 2009 wéinst dem Mord un der Schauspillerin Lana Clarkson zu 19 Joer Prisong verurteelt ginn.