Trotz der Omikron-Variant sinn d'Organisateure vum Kult-Festival "Coachella" an den USA iwwerzeegt dovun, datt de Mega-Event am Abrëll kann ofgehale ginn.

En Donneschdeg hu si d'Headliner virgestallt. Nieft dem Harry Styles, dem Billie Eilish an dem Ye (fréier Kanye West) gehéieren och d'Phoebe Bridgers, Megan Thee Stallion, de Stromae, de Rich Brian an Doja Cat zum Line-Up.

D'lescht Joer huet de Festival wéinst dem Coronavirus missten ofgesot ginn. 2022 soll de Festival vum 15. bis de 17. Abrëll a vum 22. bis de 24. Abrëll mat der üblecher Zuel vu ronn 125.000 Visiteuren den Dag ofgehale ginn. Wien era wëll, muss allerdéngs entweder komplett geimpft sinn, oder een negative Corona-Test virweise kënnen, deen net méi al wéi 72 Stonnen ass.