Iwwer dräi Deeg kënnen d’Spectateuren dës Museksrichtung mol vun enger ganz anerer Säit exploréieren.

Heifir goufen och dëst Joer rëm aacht verschidde Museker - véier Fraen, véier Männer - aus aacht verschiddene Länner fir eng Residenz vun enger Woch op Lëtzebuerg invitéiert. Iwwer dës Woch léieren d'Museker sech net nëmmen ënnert enee kennen, mä och matenee spillen.
En Donneschdeg den Owend geschitt dat Ganzt a Form vun engem "Jazz-Crawl", bei deem se, zesumme mam Public, en Tour duerch d'Stad maachen an, opgedeelt an Duoen an Trioen, op dräi verschiddene Plaze stoe bleiwen, fir ze spillen. E Freideg geet et da weider mat hire Soloen an e Samschdeg spille se dann all zesummen de groussen Ofschlossconcert.

Allgemeng géif ee mierken, dass d'Konzept, un deem d'Directrice vun Neimënster Ainhoa Achutegui an de Museker a Komponist Pascal Schumacher geschafft hunn, immens gutt beim Public ukéim. D'Interessi gëtt vu Joer zu Joer ëmmer méi grouss, sou d'Directrice. Vue dass de Festival d'lescht Joer awer an Hybrid-Form, also hallef am Live Stream, hallef a Persoun, ofgehale gouf, géifen d'Zuelen dës Trajectoire net sou gutt weisen. An obschonns een dëst Joer de Festival rëm kéint am gewinnte Format ofhalen, sou géifen déi aktuell Sécherheetsmesuren et engem net erlaben, méi wéi 200 Leit ze empfänken.

Et wier och ee vun de Museker kuerz viru senger Urees Covid-positiv getest ginn an hätt deemno mussen a leschter Minutt ersat ginn. Dem Ensembel hätt dat awer net all ze vill geschuet. Am Endeffekt si Museker aus Däitschland, Éisträich, Holland, Frankräich, der Belsch a souguer Portugal an Dänemark ugereest. Als Lëtzebuerger ass dëst Joer de Batteur Jeff Herr mat dobäi.