Am dänesche Revenge-Film stellt den däneschen Acteur Mads Mikkelsen säin Talent op en Neits ënner Beweis.

Den däneschen Acteur Mads Mikkelsen ass esouwuel fir seng Rollen an europäeschen Auteursfilmer wéi a groussen Hollywood-Produktioune bekannt. Sief et an der Roll vum béisen  "Chiffre” am James Bond oder an der Haut vun engem desillusionéierte Familljepapp am dänesche Film “Drunk”, de Mikkelsen ass ee vun de markantsten europäesche Schauspiller. Am dänesche Revenge-Film mam Titel Riders of Justice stellt hie säin Talent op en Neits ënner Beweis.

De Markus ass en däneschen Zaldot an am Afghanistan stationéiert. No engem onglécklechen Uneneereie vun Evenementer fënnt seng Fra sech mat senger Duechter an engem Metro zeréck dee verongléckt. Duechter iwwerlieft, ma d’Fra stierft am Accident. De Markus kennt Heem an Dänemark fir sech ëm seng Duechter ze këmmeren a gëtt vun zwee nawell asozialen ma brillante Statistiker an engem Computer-Geek drop opmierksam gemaach datt et sech bei dësem Metrosongléck net em en Accident ma en Attentat handelt. Ouni ze ze zecken ass de Markus op der Sich no de Schëllegen an op Revanche aus.

Den Zeenarist a Realisateur Anders Tomas Jensen ass bekannt fir säi schwaarzen Humor, déi d’Absurditéite vun der mënschlecher Existenz ëmmer nees op genësserlech Manéier duerleeën. Am Riders of Justice ass dat net anescht. Och hei ginn atypesch a nawell duerchgeknallte Personnagen an extrem brutal Situatioune versat, wou eng grafesch Gewalt opblëtzt, éier se vun engem onerwaart witzege Moment desamorcéiert gëtt. An dësem Revenge-Film, dee vu sengen attachante Personnagë lieft, ass awer och eng fundamental mënschlech Dimensioun present, déi staark Emotioune mat sech bréngt. En exzellente Casting ugefouert vum Mads Mikkelsen, genee wéi clever Dialoge maachen schlussendlech aus dëser düsterer Komedie eng spannend Mëschung aus Ënnerhalung an déifgrënnegen Themen, déi ëmmer nees dem Mënsch seng Ambivalenz virbildlechen.