Dat originaalt Wierk aus dem Joer 1984 ass déi éischte Kéier, datt de Spiderman säi schwaarzen Symbiote-Kostüm unhuet, dee spéider zum "Venom" gëtt.

"Et ass d'Säit, déi dat grousst Geheimnis, wat um Cover vun der Editioun annoncéiert gëtt, opdeckt. Et ass de Moment, wou de Peter Parker säi schwaarze Kostüm kritt", heescht et vum Auktiounshaus "Heritage Auctions". Geschwat gëtt hei vun der Säit 25 vun där Editioun.

Dëse Kostüm huet awer selwer e grousst Geheimnis. Well sech méi spéit erausstellt, datt de Symbiot lieft. An dëst ass d'Originn vum Antiheld "Venom".

D'Mindestgebot louch bei 330.000 Dollar. Bis ewell war déi deierst eenzel Säit, déi jee verkaf gouf, déi éischte Kéier, datt de Wolverine opgetaucht ass. Dat war an engem Comic vun der Serie "The Incredible Hulk" aus dem Joer 1974. Heifir goufen 657.250 Dollar bezuelt.

De komplette Comic, wou de Superman déi éischte Kéier ze gesi war, eng Copy vum Action Comic no.1 aus dem Joer 1938, gouf fir 3,18 Milliounen Dollar verkaf.