„Hänsel & Gretel“ gehéiert nach haut zu deene bekanntste Märercher vun der Bridder Grimm.

An de fréie 1890 Jore gouf d'Kannermärchen vum Komponist Engelbert Humperdinck an eng Oper verwandelt. An Zesummenaarbecht mam Regisseur Nickel Bösenberg huet de Conservatoire de Musique du Nord elo eng verkierzte Versioun vun der Märchenoper kreéiert, déi de Weekend op der Bün vum Ettelbrécker CAPe ze gesinn ass. Ee Projet, deen déi verschiddenste Fachberäicher matenee verbënnt. Sänger, en Instrumentalensembel a Schauspiller vum Conservatoire du Nord presentéieren hei eng aktualiséiert awer net manner fantasievoll Operversioun vun "Hänsel & Gretel". E Projet, deen déi flottste musikalesch Momenter an déi bekanntste Kannermelodien aus dem Original mat enger ganz neier Erzielperspektiv verbënnt. D‘Iddi dofir hat d‘Sopranistin Mariette Lentz, déi sech vun engem Kannerbuch inspiréiere gelooss huet.

Ënnert der Regie vum Nickel Bösenberg loosse Professionell a Net-Professionell Kulturschafender  an dëser Produktioun déi verschiddenst Beräicher vun der Bünekonscht openeentreffen. "Hänsel & Gretel" ass bis ewell déi éischt Oper, déi de Regisseur inzenéiert huet.

Als Spectateur kann ee sech dann och op ee stëmmungsvollen, ofwiesslungsräichen Dekor freeën. Gespillt gëtt just um Samschdeg an e Sonndeg. Weider Informatioun an Ticketen ginn et op www.cape.lu