De Spuenier huet de Wunnkomplex "Weidert", d'"Place de l'Europe" an d'"Porte de l'Europe" zu Lëtzebuerg entworf.

Hie war ee vun de bekanntste Vertrieder vun der Postmodern a Géigner vum rationalisteschen an uniforme Baustil. A sengen architektonesche Wierker huet de Bofill modern Materialie wéi Stol a Bëtong mat klassesche Forme kombinéiert.

RTL

© AFP

Ugefaangen huet seng Karriär viru ronn 60 Joer. 1963 huet hie säin Architektebüro "Taller de Arquitectura" zu Barcelona gegrënnt. Am Joer 1971 huet hie sech zu Paräis néiergelooss. An den 2000er huet hien nees vu Spuenien aus ausgeschafft. Bis viru sengem Doud huet de Bofill a sengem Domizil »La Fábrica« net wäit ewech vu Barcelona gewunnt. An de 70er Joren huet hien déi al Zement-Fabrik an e Loft an Architektebüro ëmfonctionéiert.

Zu senge berüümtste Bauten zielen ënnert anerem Walden 7 zu Sant Just Desvern, d'Haapthaus vu Christian Dior zu Paräis, d'Shepherd School of Music zu Houston, Harajuku United Arrows Shopping Centre zu Tokio, Antigone zu Montpellier, Corso Prag, Terminal 2 um Fluchhafen zu Barcelona a Bofills båge zu Stockholm.