Hie war e Kënschtler, dee sech net op ee Medium limitéiert hat: Vun Tableauen am grousse Format, Tapisserei bis Etiketten op Wäifläschen.

Wéi säi Bouf e Sonndeg Moien an de sozialen Netzwierker matgedeelt huet, ass säi Papp am Alter vun 91 Joer verscheet.

Den Ota Nalezinek war 1930 zu Lomnice an der haiteger Tschechescher Republik op d'Welt komm an ass 1969 op Lëtzebuerg emigréiert. 8 Joer méi spéit huet hien d'Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl. Hie war als Kënschtler multidisziplinär ënnerwee a war als Moler, Graphiker, Textilkënschtler a Restaurateur täteg an huet ënnert anerem anerem Mosaicken hiergestallt a Buchillustratiounen an Entwërf fir Timberen erausbruecht.

Fir säi kënschtlerescht Wierk gouf hien 1976 mam Prix Grand-Duc Adolphe ausgezeechent.

Den Tschecheschen Ambassadeur Vladimir Bärtl huet dem verstuerwenen Artist an engem Message op Twitter geduecht.