Zanter 2021 besteet eng Partnerschaft tëscht dem Syndicat Tice an der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022.

Béid Parteien hu sech dofir eppes Spezielles afale gelooss an de Mural Artist an Illustrator Alain Welter dofir agebonnen. Dësen huet fir d'Busser vum Tice e speziellen Design entworf, deen elo op 10 Busser ze gesinn ass.