Am Alter vun 81 Joer ass d'Lëtzebuerger Schauspillerin Sophie Proost gestuerwen.

D'Sophie Proost war an enge sëllegen Theaterproduktiounen ze gesinn, ënner anerem huet si an der der Revue matgespillt.

Si war bei der Jonggesellekëscht vum Alain Atten an och bei de Makadammen derbäi. D'Sophie Proost war och Member vun der éischter Stonn un an der Ekipp vun den RTL-Déckkäpp.