De franséische Schauspiller, deen am Marvel Universum an der Serie Moon Knight wäert ze gesi sinn, ass un de Suitte vu engem Schiaccident gestuerwen.

Den Agent vum 37 Joer alen Acteur huet déi traureg Nouvelle um Mëttwoch an der Mëttesstonn confirméiert. Op enger Pist vun der Schistatioun "La Rosière" a Frankräich ass hien e Mëttwoch op enger Kräizung vun zwou bloe Piste mat engem anere Schifuerer kollidéiert a gouf uerg blesséiert. Mat engem Gehier-Trauma gouf de Gaspard Ulliel mat engem Rettungshelikopter an d'Spidol op Grenobel transportéiert, wou hie kuerz drop verstuerwen ass.

Bekannt ass de Gaspard Ulliel haaptsächlech aus franséische Filmer, wéi Mathilde vun 2004, fir deen hien och de César fir beschte jonke Schauspiller krut an deen internationale Succès hat. Ma och huet hien an der Virgeschicht zu "The Silence of the Lambs" am "Hannibal - Rising" d'Haaptroll gehat an hei e jonken Hannibal Lecter gespillt.

Eng gréisser Roll am Marvel Universum hat de franséische Schauspiller dann och rezent u Land gezunn. An der Serie "Moon Knight" déi vun Enn Mäerz un op Disney+ wäert lafen, spillt hien den Anton Mogart respektiv de Midnight Man, eng vun de wichtege Figuren nieft dem Moon Knight selwer.